26.07.´21: Sam Tanson: "Schutz- a Strofrecht fir Kanner gëtt definitiv getrennt"

26.07.´21: Sam Tanson: "Schutz- a Strofrecht fir Kanner gëtt definitiv getrennt"

Bei dëser Reform schafft de Justizministère dann och enk mam Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Claude Meisch, zesummen.

Et ass eng Reform, déi scho laang an der Maach ass, ma déi esou lues op hir lescht Ligne droite geet. Rieds geet vun der Reform am Kanner- a Jugendrecht. Fir d'Regierung bei dësem Prozess ze beroden, war lescht Woch déi fréier Presidentin vum Uno-Comité fir d'Rechter vum Kand, Renate Winter, op en Neits zu Lëtzebuerg. An hei huet si weider betount, wéi wichteg et ass, de Kanner- a Jugendschutz an d'Strofrecht fir Kanner komplett vuneneen ze trennen. Reform Jugendschutz - Reportage vum Maxime Gillen

An dat ass och sécher dee gréisste Schrëtt, deen d'Regierung am Kader vun dëser Reform mécht. Esouwuel d'Gesetzer wéi och d'Prozedure géifen elo kloer getrennt ginn. An do stelle sech dann och eng Rei prinzipiell Froen, wéi d'Justizministesch Sam Tanson erkläert.

Sam Tanson: „Eng vun de Froen ass natierlech och déi zum Beispill, ab wéi engem Alter een iwwerhaapt ka stroffälleg ginn. An dat war eng vun den Diskussiounen, déi mir nach eng Kéier mat hir haten, wou si eis och nach eng Kéier dorops higewisen huet, dass déi generell Recommandatiounen, déi vum UNO-Comité erauskomm sinn, och soen, dass Kanner ab engem gewëssenen Alter réischt iwwerhaapt déi Fro vun der Schold verstinn. A si seet, an dat ass ganz interessant gewiescht, dat mat hir ze diskutéieren, wann een net weess, wat Schold ass, dat heescht, wann een dat net richteg versteet an net richteg integréiert, da kann een och net zu eppes verurteelt ginn.“

An deen Alter géif an de Recommandatioune vun der Renate Winter bei 14 Joer leien. E weidere wichtege Volet vum neie Jugend-Strofrecht wier iwwerdeems dee vun der Diversioun.

„Dat heescht, dass fir d'éischt gekuckt gëtt, wéi eng aner Moossname kënne geholl ginn, ier et zu enger Condamnatioun, zu enger Strof richteg kënnt, wou et drëms geet, dee Jugendlechen ze responsabiliséieren, e mat senge Faiten ze konfrontéieren an och mat him zesummen ze kucken, wat eng adequat Mesure ka sinn par Rapport zu deem, wat geschitt ass.“

Mat dëser Reform wéilt een dofir suergen, dass d'Gesetzer och deenen neisten Erkenntnisser an deem Beräich entspriechen, esou d'Ministesch weider. An dowéinst misst een dann och Decisiounen huelen, mat deenen eventuell net all Acteur averstanen ass.

„Wat extrem wichteg ass, ass dass mir hei elo weider kommen. Mir diskutéiere scho ganz laang iwwert eng Reform. Si ass och noutwendeg a wann een eis Nopeschlänner kuckt, entweder do si Reforme komm oder et sinn der ënnerwee, wou eben all déi Consideratioune gekuckt ginn. Dat heescht, dass d'Kand an de Mëttelpunkt gestallt gëtt, dass e Minimumalter fixéiert gëtt, dass et eng kloer Trennung gëtt tëscht dem Schutz- an dem Strofrecht, dass e Kand déi selwecht prozedural Rechter huet wéi en Erwuessenen an engem Strofrechtsprozess.“

Bei dëser Reform gëtt dann och enk mam Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Claude Meisch, zesummegeschafft. Säi Ministère ass schliisslech zoustänneg fir dee ganze Volet vum Kanner- a Jugendschutz.

Wéi uganks geplangt, solle béid Texter dann Enn dës Joers kënnen an der Chamber deposéiert ginn.

Quell: https://www.rtl.lu/news/national/a/1760205.html