26.07.´21: D'Kannererrechter ginn an der Verfassung verankert

26.07.´21: D'Kannererrechter ginn an der Verfassung verankert

Den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher, kuerz OkaJu, begréisst déi Annonce.

D‘Kannerrechter als Grondrechter an der Verfassung wär e wichtegt politescht Zeechen un all Kanner a Jugendlech, déi grad an der Pandemie besonnesch staark betraff sinn, an e Meilesteen, dee sech mëttel – a laangfristeg positiv op d'Gesetzgebung an d'Rechtsprechung auswierke wäert, heescht et an engem Communiqué vum Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher.

An Däitschland ass sou e Schratt a leschter Minutt gescheitert, ëmsou méi frou ass den OkaJu, datt et hei am Land de politesche Wëllen an de Konsens dofir gëtt.

Download Communiqué de presse OKaJu