23.03.2024: RTL Journal: Reaktiounen op Kriticke ronderëm de Sujet vun de Fleegefamilljen vum Educatiounsministère, Ombudsman, LSAP

23.03.2024: RTL Journal: Reaktiounen op Kriticke ronderëm de Sujet vun de Fleegefamilljen vum Educatiounsministère, Ombudsman, LSAP

Reportage vum Fanny Kinsch an Serge Pauly

Photo: © fizkes on Shutterstock

Hei klicken fir den Reportage ze kucken

Fir Fleegefamillje géingen et ze vill Obstakele ginn an et géingen net genuch Statistiken iwwert d'Placementer ginn.

D'Associatioun vun de Fleegeelteren huet an engem Reportage am Magazin op der Tëlee dës Woch eng Rei Kriticken um aktuelle gesetzleche Kader an och un de geplangten Ännerunge geäussert. Mir hu beim Educatiounsministère, der Oppositiounspartei LSAP an den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher fir Reaktioune gefrot.

Iwwer 1.400 Kanner sinn an enger Institutioun oder enger Fleegefamill placéiert zu Lëtzebuerg. Ronn 60 Prozent a Kannerheemer, 40 Prozent a Familljen. Ouni d'Reforme vun de leschte Jore wier déi Zuel wuel nach vill méi héich, seet den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher, Charel Schmit. Déi geplangte Reform vum Jugendschutz wier eng Geleeënheet, fir der Stëmm vun de Kanner a Jonke selwer méi Gewiicht ze ginn.

"Souwuel bei Fleegefamilljen, wéi an der Heemerzéiung ass et esou, dass souwuel positiv wéi negativ Erfarunge kënne gemaach ginn. Dofir ass et wichteg, dass béid anstänneg begleet ginn. Mee et ass kloer, dass Fleegefamillje kënnen eng ganz Partie Saache méi ubidden, aneschters ubidden, wéi dat vläicht an der Heemerzéiung de Fall ass."

D'LSAP fuerdert, datt méi no Fleegefamillje gesicht a méi op Fleegeeltere gelauschtert gëtt, esou d'Deputéiert Francine Closener.

"Eng Fleegefamill ass eppes aneschters ewéi en Heem, och wann et e klengt Heem ass. Dat ass eng Famill, do sinn d'Leit ëmmer disponibel. Se garantéieren eng Bindung fir d'Kand. Se garantéieren och emotionell Stabilitéit. Dat ass eppes aneschters ewéi en Heem. Duerfir mengen ech ass et wichteg, eng Kéier op déi ze lauschteren."

Souwuel d'LSAP-Deputéiert, wéi och den Ombudsman fuerderen iwwerdeems och méi statistesch Donnéeën. Et bréicht een eng evidenzbaséiert Approche. Et géing een un Etüden deelhuelen, sou de Gilles Dahmen, Premier Conseiller am Educatiounsministère, et geséich een et awer als problematesch fir Eenzelfäll ze verallgemengeren.

"Well immens verschidden Aflëss op d'Entwécklung vun engem Kand gëtt, entweeder d'biologesch Famill stabiliséiert sech, fënnt erëm Weeër, fir hir Kanner kënne bei sech opzehuelen, d'Entwécklung vum Kand duerch en entwécklungspsychologeschen Aspekt, wéi Pubertéit zum Beispill entwéckelt sech an et kënnt zu eventuell engem Ofbroch oder Changement vun engem Placement oder vun enger Mesure. An esou ass et eigentlech schwiereg ze generaliséieren, wéi eng Mesuren hei ëmmer an deenen individuelle Fäll, déi zoutreffend sinn ass."

D'Strategie vum Ministère wier definitiv d'Placementer ze reduzéieren, esou de Gilles Dahmen. Et géing ee méi kleng Strukture plangen an et wéilt een och d'Fleegefamillje kloer stäerken. Am Schnëtt géinge pro Joer 15 bis 17 nei Fleegefamillje bäikommen.