22.03.´24: Echange mam Projet "détresse-délinquance-protection-pénal (D2P2) vum OEJQS

22.03.´24: Echange mam Projet "détresse-délinquance-protection-pénal (D2P2) vum OEJQS

D´Associatioun FleegeElteren Letzebuerg asbl hat en Echange mam projet OEJQS "détresse-délinquance-protection-pénal (D2P2) vum Observatoire national de l’enfance, de la jeunesse et de la qualité scolaire (OEJQS).

Et ass Deel vun der legaler Missioun vum OEJQS, t’Situatioun vun de Kanner an de Jonken ze analyséieren, an t’Systemer déi op si awierken, ze évaluéieren.

Des Missioun bezitt sech grad op déi Kanner a jonk Leit, déi vun de Systemer vun der Aide à l´enfance et à la famille a vum Jugendschutz en charge geholl ginn. De Gesetzesprojet 7994 wäert des Systemer fundamental veränneren. Doriwwer eraus gesinn d’Gesetzesprojeten 7991 an 7992 vir, en zousätzlechen, zu Lëtzebuerg ganz neien System ze schafen, nämlech dee vu penalen Instanzen fir Mannerjäreger.

Fir des Missioun ze erfëllen huet den OEJQS en neien domaine prioritaire D2P2 definéiert, den sech an enger éischter Phase mat den 3 Froen auserneesetzt:

  • wéi eng Ufuerderungen un t’Zesummewierken vun den verschiddenen Institutiounen, Administratiounen a Secteuren aus der Reform entstinn;
  • wéi sech t’Perspektiven vun den eenzelne stakeholder a Bezuch op t’Reform duerstellen,
  • a wéi eng nei konkret Besoinen u Konzepter, Mesuren an Prozeduren entstinn.

An dem Kader organiséiert den OEJQS den 28. Juni 2024 eng journée de réflexioun um Edupôle zu Walfer.