Am Kader vum Festival des Migrations organiséiert Open Home-Opent Haus eng Debatt iwwert d’Placement vun onbegleedene Mannerjäregen (MNA) an de Fleegefamilljen.
Mat MNA mengen mir Kanner / jonk Flüchtlingen, déi ouni Begleedung vun hiren Elteren op Lëtzebuerg kommen.
D'Evenement fënnt den 8. Mee 22 um 15 Auer statt an der CEPA 1, rue de l´aciérie (Luxembourg Hollerich). Den Entrée ass gratis.
D'Aféierung gëtt vun der Associatioun Mentor Jeunes gemach, déi d'Approche an der Belsch presentéiert.