Déi nei Circulaire vum 1. November 2021 as den 14.12.´21 nach eng kéier ganz liicht iwwerschafft gin. Den aktuellen Text kennt dir hei eroflueden circulaire du 14.12.´21.pdf.
Pour rappel, des Circulaire brengt wichteg Ännerunge fir:
- Fleegefamilljen, déi zu Lëtzebuerg wunnen, déi als "no" oder "intrafamilial" bezeechent ginn an op Basis vun enger auslännescher Placement-Decisioun Kanner ophuelen;
- Fleegefamilljen déi als "no" oder "intra-familiär" bezeechent ginn an Kanner betreien, déi > 18 Joer al sin,
- sougenannte "klassesch" Pfleegefamilljen, déi Kanner > 18 Joer betreien.
Fleegefamilljen an / oder jonk Erwuessener, déi an déi uewe genannte Kategorien falen, kënne vu Finanzéierungen profitéieren, déi net vun der aktueller Gesetzgebung virgesinn ass.
Kontaktéiert ären Service d´ accompagnement fir weider Informatiounen.