8.7.´21 : Treffen mam neien Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher

8.7.´21 : Treffen mam neien Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher

Den 9. Dezember 2020 gouf den Här Charel SCHMIT vun der Chamber als Ombudsman fir Kanner a jonk Leit fir eng Dauer vun 8 Joer ernannt. Hien as den Nofolger vum René SCHLECHTER.

D'Ausschaffe vum neie Gesetz fir de Schutz vu jonke Leit (Projet de loi instituant un régime de protection de la jeunesse) an d'Reform vum Gesetz iwwert d´aide à l’enfance et à la famille (AEF) wäerten d´Thema vun der Entrevue mam Här Schmit sin.

Mir sichen Fleegefamillje déi bereed sin hir Suergen mat eis ze deelen. an huelen se mat an d'Reunioun. Besonnesch schaffe mir un enger Lëscht vun administrative Hürden deenen Fleegelteren an hirem Alldag begéinen. Hutt Dir scho Problemer mat enger Verwaltung (Pensiounskees, Gesondheetskeess, Kannergeld, Aides aux logement, Staierverwaltung, Ierfschaftsrecht ...) oder enger Gemeng (Etat civil, Schoulverwaltung, ...) a Verbindung mat Ärer Aktivitéit als Fleegeelteren gehaat? Deelt Är Erfahrungen mat eis, mir sammelen all Unlaies an behandelen d'Informatiounen vertraulech. Ziel as et fir Virschléi am Kader vun de Reforme vun den Gesetzer ze formuléiren.

Kontakt: info at fel.lu