8.07.´21: 2. Treffen vun der Arbechtsgrupp "plateforme accueil en famille"

8.07.´21: 2. Treffen vun der Arbechtsgrupp "plateforme accueil en famille"

FleegeElteren Lëtzebuerg asbl as op eng zweet Versammlung vum Aarbechtsgrupp "plateforme accueil en famille" mam MENEJ, ONE an den 3 services d´accompagnement invitéiert.

D'Thema sin déi zwou Reformen vum Jugendschutzgesetz an vun der Aide à l'enfance et à la famille a Bezuch op d´Fleegekannerwiesen.

Mir sichen Fleegefamillje déi bereed sin hir Suergen mat eis ze deelen. Mir sammelen all Unlaies an huelen se mat an d'Reunioune vum Aarbechtsgrupp. Besonnesch schaffe mir un enger Lëscht vun administrative Hürden deenen Fleegelteren an hirem Alldag begéinen. Hutt Dir scho Problemer mat enger Verwaltung (Pensiounskees, Gesondheetskeess, Kannergeld, Aides aux logement, Staierverwaltung, Ierfschaftsrecht ...) oder enger Gemeng (Etat civil, Schoulverwaltung, ...) a Verbindung mat Ärer Aktivitéit als Fleegeelteren gehaat? Deelt Är Erfahrungen mat eis, mir behandelen d'Informatioun vertraulech a formuléiere Virschléi fir Léisungen am Kader vun de Reforme vun den Gesetzer.

Kontakt: info at fel.lu