17.12´20: Virtuellen Debat iwwert den Film "À tes côtés"

17.12´20: Virtuellen Debat iwwert den Film "À tes côtés"

D'FEL huet folgend Invitatioun kritt a wäert um Event matmaachen:

Den AEF Social Lab invitéiert Iech op eng virtuell Debatt ronderëm de franséische Film "À tes côtés" de 17. Dezember 2020 ab 8.45 Auer iwwer Zoom.

Experten aus dem Kanner- a Familljenassistance (AEF) Secteur ginn invitéiert fir verschidden Aspekter vum Film ze diskutéieren an an de lëtzebuergesche Kontext ze setzen. Animatioun a Moderatioun gin vum

Regisseur vum Film, dem Här Bertrand Hagenmüller, an dem AEF Social Lab assuréiert.

D'Zil vun der virtueller Debatt ass den Austausch tëscht Fachberuffer an Experten am AEF Feld ze vereinfachen, fir gemeinsam zu der Entwécklung vun engem Referenzkader fir den AEF Sektor bäizedroen.

De Film "À tes côtés" ass e franséischen Dokumentarfilm deen sech mat der Fro vum Kannerschutz an der deeglecher Aarbecht vun den Erzéier beschäftegt, mat all den Erausfuerderungen a Komplikatiounen, déi dëse Beruff mat sech bréngt.

Méi Infos: http://www.fedas.lu/fr/news/aef-social-lab/