11.12´20: Online Generalversammlung 2020

Léif Famillen,

Nodeems d’Generalversammlung am Mäerz Corona-bedingt misst geréckelt ginn, huelen mir déi elo den 11. Dezember ëm 20 Auer iwwert Teams online no.

Wann dir deelhuelen wëllt, mellt iech w.e.g. beim Dick un, ënnert . Dir kritt dann ca eng Stonn virdrun de Link geschéckt. Sollt et zu technesche Problemer kommen, kéint dir hien direkt uruffen.

Mat beschte Gréiss
De Komitee vun de Fleegeelteren Lëtzebuerg

PS: Nei Memberen mat neien Iddien an Ureegungen sinn am Komitee ëmmer wellkomm; sot einfach dem Dick Bescheed.

Ordre du jour

  • Usprooch vum Präsident
  • Aktivitéitsberiicht 2019
  • Keesseberiicht
  • Entlaaschtung vun der Keess
  • Neiwiehl vun de Keesserevisoren
  • Entlaschtung vum Komitee
  • (Réck) - Bléck op 2020 an Info‘en
  • Fräi Aussprooch

Ween d’Cotisatioun vun 20€ fir 2020 nach net bezuelt huet oder och schon fir 2021 wellt bezuelen, däerf déi Suen op eise Kont bei der Spuerkees iwwerweisen. Villmols Merci.

Gepost vun

Birgit