9.12.´20: Charel SCHMIT - Neien Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher

9.12.´20: Charel SCHMIT - Neien Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher

Den 9. Dezember 2020 gouf den Här Charel SCHMIT vun der Chamber als Ombudsman fir Kanner a jonk Leit fir eng Dauer vun 8 Joer ernannt. Hien as den Nofolger vum René SCHLECHTER.

D'FEL seet dem Här René Schlechter Merci fir säin onermiddlechen Engagement fir d'Rechter vum Kand.

Gratulatioun un den Här Schmit fir d´Nominatioun zu dëser Schlësselpositioun.

D'Ausschaffe vum neie Gesetz fir de Schutz vu jonke Leit (Projet de loi instituant un régime de protection de la jeunesse) an d'Reform vum AEF Referenzkader (cadre de référence relatif à l´aide à l’enfance et à la famille) wäert eng vun de Prioritéite vum Herr Schmit sengem Mandat sinn. Mir freeën eis op eng gutt Zesummenaarbecht mam Här Schmit. D'FEL hofft datt mir eis géigesäiteg ënnerstëtzen an ergänzen an dësem Prozess deen e wesentlechen Impakt op de Fleegefamillsecteur zu Lëtzebuerg wäert hunn.