Austausch über das Sammeln der Meinungen von Hilfeempfängern im Rahmen der Pflegefamilienhilfe

Austausch über das Sammeln der Meinungen von Hilfeempfängern im Rahmen der Pflegefamilienhilfe

Léif All,

Den AEF Social Lab braucht Iech!

Mir wëllen een „e-Change“ – een fräien online Austausch – mat Iech, anere Fleegefamillien an Professionneller aus der Kanner- a Famillienhëllef (Services d’accompagnement des familles d’accueil asw.) am Kader vun eisem Projet „Recueil de l’opinion“ (Meenungsëmfro) am Summer organiséieren. Dësen Austausch wäert ronn zwou Stonnen daueren, an Äre Point de vue ass hei immens wichteg..

Den Objectif vum Projet „Recueil de l’opinion“ vum AEF Social Lab: ee Guide entwéckelen, deen als Annexe un den aktuelle Rahmenplan ugehaange gëtt a Leitlinne wéi och Beispiller enthält iwwert Meenungsëmfro wéi och Questionnairen.

Objektiver vum e-Change:

Besoin'e identifizéieren an sech gemeinsam mat Iech , anere Fleegefamillien an Professionneller aus der Kanner- a Famillienhëllef (Services d’accompagnement des familles d’accueil asw.) austauschen, iwwert:

  • Bestehend Praktike wei och gutt Praktiken (am In- an Ausland) am Beräich vun der Meenungsëmfro vun de Beneficiairen

  • Wichteg Contenu'e vun der Meenungsëmfro identifizéieren

  • Diskutéieren wei d'Meenungsëmfro kann ausgesinn (Form a Methoden)

  • asw.

Hei fannt Dir een Link fir eis unzeginn, wéi ee Moment Iech fir een Austausch passt.

Mir wiere frou wann Dir eis bis den 15. Juli 2024 ee Retour kéint ginn.

Zeckt net eis bei Froen zum Projet ze kontaktéieren.

Mat beschte Gréiss,

D’Ekipp vum AEF Social Lab