1.1.24: Emstrukturéirung vum Comite FEL

1.1.24: Emstrukturéirung vum Comite FEL

Den Här Dick Okkerman huet sech fir d´Johresenn 2023 no 18 Joer aktivem an ganz engagéiertem Benevolat aus dem Comité vun der FEL zeréckgezunn. Mir soen him Merci fir sain laangjähregt an onermiddlecht Engagement fir d´Cause vun den Fleegefamillen an -kanner.

D´Demissioun vum Här Okkerman brengt eng organisatoresch Emstrukturéirung am Comite vun der asbl mat sech:

  • D´Mireille Molitor iwwerhelt den Presidenteposten faisant fonction.
  • D´Madamm Eve-Lynn Beckius iwwerhëllt d´Sekretariat f.f..
  • D´Madamm Karin Schons betreit weiderhin d´Kees.
  • D´Véronique Lorang an d´Françoise Barthel bleiwen Comitesmemberen.

Op eiser nächster Generalversammlung kennen eis Memberen des organisatoresch Ëmstrukturéierung vum Comité vun der asbl dann validéieren.

Mir kennen versecheren daat déi nei Equipe des wichteg gesellschaftlech Aufgab fir d´Rechter vun den FleegeElteren an hiren (Fleege)Kanner ze kämpfen wäerten mat Wäisheet, Kraaft an Ausdauer iwwerhuelen.

Alles Gudds am neien Joer an ganz léif Gréiss vun der FleegeElteren Lëtzebuerg asbl