29.6.´24: Save the date: Generalversammlung vun der FEL zu Noumer

29.6.´24: Save the date: Generalversammlung vun der FEL zu Noumer

Generalversammlung vun der FEL, Picknick an Atelier fir Famillen iwwert Participatioun, Schutz a Reklamatiounen.

Samsdes, den 29. Juni 2024, 11h-16h, um „Schoulcampus Noumer“ (Schoulhaff an Spillplatz).

Adress: 31-33, rue Principale L-7465 Nommern

11h00: Generalversammlung

Ordre du jour

12h00-16h00: Iessen, Drénken, Spillen an Austausch

13h30-15h00: Den AEF Social Lab proposéiert de Fleegefamilljen an de Kanner d'Resultater vun senge leschten zwou Ëmfroen ze presentéieren. Hei gin d'Themen vun der Participatioun, Schutz a Reklamatiounen ungeschwaat. D'Presentatioun gëtt op eng lëschteg a kannerfrëndlech Manéier gemach. Eng Bande Dessinée mat de Resultater vun den Ëmfroe gouf op Franséisch, Däitsch an Englesch geschaf, déi op www.aef.lu/bibliotheque/ erofgeluede ka ginn.

AEF Social Lab: Weider Informatiounen

Nota: FEL offréiert de Memberen vun eisem Verain d’Iessen an d’Gedrénks

Unmeldung