Aktivitéitsprogramm fir Fleegeelteren an hir Kanner 2023

Aktivitéitsprogramm fir Fleegeelteren an hir Kanner 2023

Léif Memberen vun der FEL, léif Fleegefamillen,

2023 wëllen mir als Veräin iech e puer Aktivitéiten ubidden fir iech weiderzebilden, fir eis ënnerteneen kennen ze léieren an eis an engem informellen Kader auszetauschen an eis géigensäiteg z´ ënnerstëtzen.

„Pflegeeltern versterben, Pflegekinder gehen leer aus!“- Pflege-eltern und ihre (Pflegekinder-)Kinder in Bezug auf das luxemburgische Erbrecht

Donneschdes, den 25. Mee 2023, 19h Konferenz am Hotel-Restaurant „A Guddesch

Adress: 1, am Kaesch L-7593 Beringen / Mersch

Riednerin ass d´ Maître Cosita Delvaux, Notaire aus der Stad.

Jiddereen deen e Kand iwwert Joren versuergt an opwuessen gesinn huet, wäert et an d´ Häerz schléissen. Fir vill Fleegeelteren ass et selbstverständlech, datt si hir Fleegekanner grad esou gutt wéi biologesch Kanner wëllen ofsécheren, och an finanzieller Hinsicht. Fleegekanner sinn net mat hire Fleegeelteren verwannt, dat heescht, datt Fleegekanner keng Ierfschaftsunspréch géinteniwwer hiren Fleegeelteren hunn.

  • Wéi eng Optioune bitt d'Gesetz fir d'Zäit nom Doud vun de Fleegeelteren?

  • Wat muss alles an engem Testament dran stoen?

  • Wéi eng Besonneschkeeten musse Fleegeelteren am Verglach mat Gebuertselteren oder Adoptivelteren berécksiichtegen?

Obligatoresch Umeldung bis den 21. Mee iwwert Mail un

Informatiounen: +352 691 653 321 (Okkerman Dick, Präsident vun der FEL asbl).

Sprooch: D´ Konferenz ass op Lëtzebuergesch. Bei der Umeldung weg matdeelen ob dir eng Simultaniwwersetzung op Franséisch wëllt hunn.

No der Konferenz bleift Zäit fir är Froen ze stellen.

FEL offréiert iech d´ Gedrénks.


Generalversammlung vun der FEL an Pick-Nick

Sonndes, den 18. Juni 2023, 10h-16h, Spillplatz „A Mouschelt” zu Lëntgen

Adress: 250, rte de Fischbach, L-7447 Lintgen

Programm:

  • 10h Generalversammlung

Ordre du jour:

• Usprooch vum Präsident

• Aktivitéitsbericht an Keesebericht 2022

• Entlaaschtung vun der Kees an vum Comité

• Deelweis Neiwiel vum Comité an vun den Keeserevisoren

• Ausbléck op d´Joer 2023

• Infoen an frei Aussprooch

• Schlusswuert vum Präsident

  • 11h15 Presentatioun vun den Resultater vun der Etude “Mental HEalth and Resilience during the COVID-19 pandemic A nationwide study with children in Out-of-home care in Luxembourg (HERO)” – Pascale Engel de Abreu, Psycholog an Chercheur, Uni.lu

  • 12-16h Iessen, Drénken, Spillen an Austausch

FEL offréiert iech d´ Iessen an d´ Gedrénks. Al Fleegefamillen an all hir Kanner souwéi Interesséierter sin häerzlech wëllkomm fir d´ Generalversammlung an den Pick-Nick.

Mir stellen eis mat frëschem Elan als Veräin nei op. Mir sichen an dem Sënn, nei Memberen déi eis ënnerstëtzen an nach weider Comitésmemberen déi sech wëllen engagéieren. Et sinn vill Reformen ënnerwee déi eis direkt betreffen, an eis Aarbecht ass dofir elo nach méi wichteg wéi virdrun.

Obligatoresch Umeldung bis den 11. Juni per Mail un

Kandidaturen fir an den Comité an Informatiounen: +352 691 653 321 (Okkerman Dick).


Hierschtwanderung am Mëllerdall

Samschdes, den 14. Oktober 2023, 10-16h, Camping „auf Kengert“, tëscht Larochette an Medernach (kengert.lu)

Adress: G.P.S. position: N 49° 48′ 11” ll 49.8003; E 6° 11′ 54”. ll 6.1985

Programm:

  • 10h: Wanderung op dem Barfußpfad, Spillplatz

  • 12h: Iessen am Restaurant vum Camping

Menü:

  • Fir Erwuessener:

A) Indonesisches Reisgericht mit Fleischspies in Erdnussauce 12,5€

B) Vegetarisches Ofengericht mit gegrillten Auberginescheiben und Käse 12€

C) Luxemburger “Wäinzossis“ vom Kalbsfleisch mit Senfsauce 18€

  • Fir d´Kanner:

Pizza à Gogo 10€

FEL offréiert iech d´Gedrénks. Deelt eis äre Menü-Choix bei der Umeldung mat.

Obligatoresch Umeldung bis den 8. Oktober via Mail op

Informatiounen: +352 691 653 321 (Okkerman Dick). 


Waat bidden mir als Veräin soss nach un?

• Newsletter

Mir verschécken e puer Mol am Joer eng Newsletter, wou relevant Beiträg an Informatiounen dran ze fannen sinn. Schreift ech an eisen Emailverdeeler an:

• Homepage fel.lu

Eis Internetsäit ass gutt gefëllt an gëtt och reegelméisseg aktualiséiert. Kuckt eran an gëtt eis gären Feedback.

• Hëllef bei administrativen Problemer

Mir stinn den Fleegefamillen bei administrativen Problemer mat Informatiounen an Rotschléi zur Säit. Wann dir Schwieregkeeten mat enger Verwaltung, Gemeng, Schoul etc. huet déi am Zesummenhang mam Fait stinn dat dir Fleegefamill sidd, kennt dir ech gären bei eis mellen. Mir versichen ze hëllefen an ze vermëttelen.

• En dynameschen Comité

Well den Comité vun der asbl sech no engem Generatiounswiessel ganz nei opbaut, sin mir nach op der Sich no neien Comitésmemberen déi bereet sin sech z´engagéieren. Bei Interesse fir matzeschaffen, kennt dir ech mat eis an Verbindung setzen:

• Lobbyaarbecht bei Ministèren, Verwaltungen an aneren Acteuren

Obwuehl mir als Fleegeelteren en ganz wichtegen Deel vun der Aide à l´enfance et à la Famille sin, gin mir oft iwwersinn. Et as dofir ganz wichteg dat mir net labber loossen an ëmmer erem bei Politiker, Beamten an Professionellen aus dem Secteur ob eis Besoinen an Revendicatiounen opmierksam maan. Eisen Positiounspabeier an Avis zum neien Gesetzesprojet zum Jugendschutz kennt dir op eiser Homepage noliesen.

Wann dir Member wëllt gin, respektiv scho Member sidd an är Cotisatioun 2023 nach net bezuelt huet, kennt dir eis gären finanziell ënnerstëtzen mat engem Beitrag vun 20 € Joer / Famill. Mir soen iech am viraus villmools MERCI.

Konto BCEE LU40 0019 2355 4566 0000.

Mat de beschte Gréiss,

Mireille Molitor, Sekretär &

Dick Okkerman, Präsident

Bitte benutzen Sie unser Rücksendeformular zur Anmeldung zu den Aktivitäten.

Anmeldeformular