22.9.´ 22: Interview Fleegeelteren sinn

22.9.´ 22: Interview Fleegeelteren sinn

Et ginn ënnerschiddlech Grënn, wisou e Kand net méi ka mat senger Gebuertsfamill liewen. Wann et net méi méiglech fir e Kand ass doheem ze wunnen, entscheet dacks e Riichter, datt et an eng Fleegefamill op eng sécher a gebuergen Plaz placéiert gëtt.

Kanner, déi a Fleegefamille kommen, hunn traumatesch Erliefnisser hanner sech, Bréch an der Famill, Drogen, Abus, Vernoléissegung.

Wat bedeit et e Fleegekand ze sinn, wat sinn d'Viraussetzunge fir Fleegeelteren ze sinn, wat fir eng juristesch Weeër muss ee goen, wat fir eng Ausbildung matmaachen?

D'Emissioun am Fong geet deem Sujet op de Fong. Invitée beim Natasha Ehrmann Invitée ass d'Mireille Molitor vun der ASBL FleegeElteren.

D´Emissioun lauschteren