26.10.´21: Austausch mat 2 Deputéierten vun Déi Gréng

26.10.´21: Austausch mat 2 Deputéierten vun Déi Gréng

De 26. Oktober 2021 war d'Associatioun FleegeElteren Lëtzebuerg asbl op en Austausch mat zwee Deputéierten vun Déi Gréng invitéiert. Un der Versammlung deelgeholl hunn:

  • Margue Charles (President vun der Justizkommissioun a Member vun der Famillje- an Integratiounskommissioun)
  • Empain Stéphanie (Member vun der Justitzkommissioun)
  • sou wéi den Attaché parlementaire Ben Zenner.

De System vun de Fleegefamilljen zu Lëtzebuerg gouf diskutéiert an déi 12 Recommandatiounen, déi eis Vereenegung an eisem Positiounspabeier vum Juli 2021 iwwer d'Reforme vum Jugendschutz a Jugendhëllef formuléiert huet, sin presentéiert ginn. Dësen kann hei erofgeluede ginn .

Eng nächst Versammlung ass fir den 18. November 2021 geplangt.