AEF Social Lab as elo online

AEF Social Lab as elo online

Den AEF Social Lab setzt sech aus Vertrieder aus dem Ministère fir National Erzéiung, Kanner a Jugend, ANCES asbl a FEDAS Luxembourg asbl zesummen.

Den AEF Social Lab iwwerwaacht den ëmfaassende Berodungsprozess deen Ufank November 2020 gestart gouf, wat zu engem Referenzkader féiert fir de Beräich vu Kanner- a Familljenënnerstëtzung.

Hiren Internetsite ass elo online: https://aef.lu/

Hei fannt Dir alles ronderëm den AEF Social Lab an de Consultatiounsprozess:

Agenda mat den Evenementer, an déi Dir Iech aschreiwe kënnt
Dokumentatioun vum Consultatiounsprozess (Bibliothéik)
Aktualitéiten, Publikatiounen an en Newsletter, fir deen een sech abonnéiere kann an um Lafende gehale gëtt.

Deemnächst wäert och hir Online-Ëmfro hei ze fanne sinn.

Ab dem 27. Abrëll lafen verschidden Workshops an Disskussionsronnen („e-Change“) un, fir déi ee sech um Site umelle kann.