17.11.´22: Echange mat den Deputéierten vun der politischer Partei CSV

17.11.´22: Echange mat den Deputéierten vun der politischer Partei CSV

De 17. November 2022 war d’Asbl FleegeElteren Lëtzebuerg op eng Versammlung mat der Madame Martine Hansen, Deputéiert vun der Partei Christlich-Soziale Volkspartei (CSV), invitéiert.

De System vun de Fleegefamilljen zu Lëtzebuerg gouf diskutéiert an déi 12 Recommandatiounen, déi eis Associatioun an eisem Positiounspabeier vum Juli 2021 zur Reform vum Jugendschutz a Jugendhëllef gemaach huet, sin presentéiert ginn.

De Gesetzesprojet Nr 7994 iwwert d'Hëllef, d'Ënnerstëtzung a de Schutz vu Mannerjäreger, Jugendlecher a Familljen an eisen Avis dozou goufen diskutéiert.