18.03.´24: RTL Magazin: "Fleegefamilljen: Elteren op Zäit "Mir brauche méi Fleegefamilljen, mä mir sinn amgaang, méi Foyeren opzemaachen"

18.03.´24: RTL Magazin: "Fleegefamilljen: Elteren op Zäit "Mir brauche méi Fleegefamilljen, mä mir sinn amgaang, méi Foyeren opzemaachen"

Reportage vum Anouk Siebenaler

Photo: © fizkes on Shutterstock

Hei klicken fir den Reportage ze kucken

Lëtzebuerg huet ee vun den héchsten Tauxe vu Placementer vu Kanner. Ma fir hinnen all Gerecht ze ginn, feelt et am Land u Fleegefamilljen.

Fleegefamilljen huele placéiert Kanner op onbestëmmten Dauer op. Fir alle Placementer gerecht ze ginn, bréicht Lëtzebuerg méi wéi duebel souvill Fleegeelteren.

Mëssbrauch, Vernoléissegung, physesch oder psychesch Gewalt: D’Grënn, aus deene Kanner musse placéiert ginn, kënne villfälteg sinn. Grondsätzlech ginn et fir si zwou Optiounen: Entweder si kommen an enger Institutioun ënner oder bei enger Fleegefamill.

1.461 placéiert Kanner gëtt et den Ament zu Lëtzebuerg, domat si mir eent vun de Länner mam héchsten Taux u Placementer. Et gouf schonn duerch vill Etüde beluecht, dass et fir all dës vulnerabel Kanner am beschte wier, bei enger Fleegefamill ënnerzekommen, wou hir Bindungspersoune konstant bleiwen. Därer gëtt et hei am Land awer aktuell just 465. Lëtzebuerg ass eent vun de wéinege Länner an Europa, wou méi Kanner an Institutioune wéi a Fleegefamillen ënnerkommen.

"Éliminer progressivement les mesures d’accueil stationnaires en institution et favoriser la prise en charge des enfants en milieu familial chaque fois que cela est possible" steet als Objektiv am nationalen Aktiounsplang, mä wat geschitt wierklech? "Mir brauche méi Fleegefamilljen, mä mir sinn amgaang, méi Foyeren opzemaachen", kritiséiert d’Mireille Molitor, Presidentin vun der FleegeElteren Lëtzebuerg asbl. Aussoe vu Betraffenen

Am Reportage kucke mir, wéi de System hei am Land organiséiert ass, wéi Familljen um Terrain d’Situatioun erliewen a wat si undreift, sech dëser Aufgab unzehuelen.

"Ech hunn als Fleegeelteren – a wëll och – kee Congé, kee Krankeschäin an dat kann eng aner Institutioun – och mat de beschte Leit - einfach net bréngen", erkläert de Max Hinger, zanter 4 Joer Fleegepapp.

"Si wuessen engem un d’Häerz, et ass ee frou mat hinnen a si si frou mat eis, a mir sinn hir Bezuchspersoun a mir gi se da rëm hier", Ketty Jung (51), huet schonn iwwer 20 Kanner als Kuerzzäitplacement opgeholl.

"Wat ech mer gewënscht hätt, wier, dass een op eis gelauschtert hätt an net op de Wonsch vun den Hierkonftselteren", esou Zoe Hoffmann (23), dat mat 5 Joer d’Urgence placéiert gouf.