Anmeldung Aktivitäten

Generalversammlung vun der FEL an Picknick

Samsdes, den 29. Juni 2024, 11h-16h, um „Schoulcampus Noumer“ (Schoulhaff an Spillplatz).

Adress: 31-33, rue Principale L-7465 Nommern

11h00: Generalversammlung (den Ordre du jour gëtt deemnächst op eiser Webseit publizéiert)

12h00-16h00: Iessen, Drénken, Spillen an Austausch

Nota: FEL offréiert de Memberen vun eisem Verain d’Iessen an d’Gedrénks

Anmeldung


Viizpressen zu Eppelduerf an der Vizerei Eppelpress an Mëttegiessen

Samschdes, den 28. September 2024, 9h30h-16h, bei der Eppelbléi, ferme pédagogique vun der Eppelpress.

Adress: 12a Beforterstrooss L-9365 Eppeldorf

9h30 -12h00: Äppel am Bongert raafen, Viiz pressen, Visite vun der Vizerei mat Degustatioun vun Jus an Äppel um Feier broden

12h00: Gemeinsamt Mëttegiessen am Härenhaus zu Eppelduerf (Adress: 6, Gaich L-9365 Eppeldorf). Spillplaz fir d’Kanner, informellen Austausch fir d‘Elteren

Nota: limitéiert Platzen! Mëllt Iech séier un! Käschtebedeelegung, Memberen kréien en preferentiellen Tarif

Anmeldung


Spill a Spass an der Zirkusschoul Zaltimbanq‘

Sonndes, den 10. November 2024, 9h00-15h00, an der Zirkusschoul Zaltimbanq´

Adress: 26, avenue Pasteur L-2310 Luxembourg. Parking Glacis.

9h00 -15h00 Divers Atelier’en fir Kanner vun 4 Joer un, fir Jugendlecher an fir d‘Elteren.

Programm: Freed un der Beweegung, Selbstvertrauen, Kierpergefill, …

Nota: limitéiert Platzen! Mëllt Iech séier un! Käschtebedeelegung, Memberen kréien en preferentiellen Tarif

Anmeldung