Reportage vum Fanny Kinsch an Serge Pauly
Photo: © fizkes on Shutterstock
Hei klicken fir den Reportage ze kucken
Fir Fleegefamillje géingen et ze vill Obstakele ginn an et géingen net genuch Statistiken iwwert d'Placementer ginn.
D'Associatioun vun de Fleegeelteren huet an engem Reportage am Magazin op der Tëlee dës Woch eng Rei Kriticken um aktuelle gesetzleche Kader an och un de geplangten Ännerunge geäussert. Mir hu beim Educatiounsministère, der Oppositiounspartei LSAP an den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher fir Reaktioune gefrot.
Iwwer 1.400 Kanner sinn an enger Institutioun oder enger Fleegefamill placéiert zu Lëtzebuerg. Ronn 60 Prozent a Kannerheemer, 40 Prozent a Familljen. Ouni d'Reforme vun de leschte Jore wier déi Zuel wuel nach vill méi héich, seet den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher, Charel Schmit. Déi geplangte Reform vum Jugendschutz wier eng Geleeënheet, fir der Stëmm vun de Kanner a Jonke selwer méi Gewiicht ze ginn.
"Souwuel bei Fleegefamilljen, wéi an der Heemerzéiung ass et esou, dass souwuel positiv wéi negativ Erfarunge kënne gemaach ginn. Dofir ass et wichteg, dass béid anstänneg begleet ginn. Mee et ass kloer, dass Fleegefamillje kënnen eng ganz Partie Saache méi ubidden, aneschters ubidden, wéi dat vläicht an der Heemerzéiung de Fall ass."
D'LSAP fuerdert, datt méi no Fleegefamillje gesicht a méi op Fleegeeltere gelauschtert gëtt, esou d'Deputéiert Francine Closener.
"Eng Fleegefamill ass eppes aneschters ewéi en Heem, och wann et e klengt Heem ass. Dat ass eng Famill, do sinn d'Leit ëmmer disponibel. Se garantéieren eng Bindung fir d'Kand. Se garantéieren och emotionell Stabilitéit. Dat ass eppes aneschters ewéi en Heem. Duerfir mengen ech ass et wichteg, eng Kéier op déi ze lauschteren."
Souwuel d'LSAP-Deputéiert, wéi och den Ombudsman fuerderen iwwerdeems och méi statistesch Donnéeën. Et bréicht een eng evidenzbaséiert Approche. Et géing een un Etüden deelhuelen, sou de Gilles Dahmen, Premier Conseiller am Educatiounsministère, et geséich een et awer als problematesch fir Eenzelfäll ze verallgemengeren.
"Well immens verschidden Aflëss op d'Entwécklung vun engem Kand gëtt, entweeder d'biologesch Famill stabiliséiert sech, fënnt erëm Weeër, fir hir Kanner kënne bei sech opzehuelen, d'Entwécklung vum Kand duerch en entwécklungspsychologeschen Aspekt, wéi Pubertéit zum Beispill entwéckelt sech an et kënnt zu eventuell engem Ofbroch oder Changement vun engem Placement oder vun enger Mesure. An esou ass et eigentlech schwiereg ze generaliséieren, wéi eng Mesuren hei ëmmer an deenen individuelle Fäll, déi zoutreffend sinn ass."
D'Strategie vum Ministère wier definitiv d'Placementer ze reduzéieren, esou de Gilles Dahmen. Et géing ee méi kleng Strukture plangen an et wéilt een och d'Fleegefamillje kloer stäerken. Am Schnëtt géinge pro Joer 15 bis 17 nei Fleegefamillje bäikommen.
]]>Reportage vum Anouk Siebenaler
Photo: © fizkes on Shutterstock
Hei klicken fir den Reportage ze kucken
Lëtzebuerg huet ee vun den héchsten Tauxe vu Placementer vu Kanner. Ma fir hinnen all Gerecht ze ginn, feelt et am Land u Fleegefamilljen.
Fleegefamilljen huele placéiert Kanner op onbestëmmten Dauer op. Fir alle Placementer gerecht ze ginn, bréicht Lëtzebuerg méi wéi duebel souvill Fleegeelteren.
Mëssbrauch, Vernoléissegung, physesch oder psychesch Gewalt: D’Grënn, aus deene Kanner musse placéiert ginn, kënne villfälteg sinn. Grondsätzlech ginn et fir si zwou Optiounen: Entweder si kommen an enger Institutioun ënner oder bei enger Fleegefamill.
1.461 placéiert Kanner gëtt et den Ament zu Lëtzebuerg, domat si mir eent vun de Länner mam héchsten Taux u Placementer. Et gouf schonn duerch vill Etüde beluecht, dass et fir all dës vulnerabel Kanner am beschte wier, bei enger Fleegefamill ënnerzekommen, wou hir Bindungspersoune konstant bleiwen. Därer gëtt et hei am Land awer aktuell just 465. Lëtzebuerg ass eent vun de wéinege Länner an Europa, wou méi Kanner an Institutioune wéi a Fleegefamillen ënnerkommen.
"Éliminer progressivement les mesures d’accueil stationnaires en institution et favoriser la prise en charge des enfants en milieu familial chaque fois que cela est possible" steet als Objektiv am nationalen Aktiounsplang, mä wat geschitt wierklech? "Mir brauche méi Fleegefamilljen, mä mir sinn amgaang, méi Foyeren opzemaachen", kritiséiert d’Mireille Molitor, Presidentin vun der FleegeElteren Lëtzebuerg asbl. Aussoe vu Betraffenen
Am Reportage kucke mir, wéi de System hei am Land organiséiert ass, wéi Familljen um Terrain d’Situatioun erliewen a wat si undreift, sech dëser Aufgab unzehuelen.
"Ech hunn als Fleegeelteren – a wëll och – kee Congé, kee Krankeschäin an dat kann eng aner Institutioun – och mat de beschte Leit - einfach net bréngen", erkläert de Max Hinger, zanter 4 Joer Fleegepapp.
"Si wuessen engem un d’Häerz, et ass ee frou mat hinnen a si si frou mat eis, a mir sinn hir Bezuchspersoun a mir gi se da rëm hier", Ketty Jung (51), huet schonn iwwer 20 Kanner als Kuerzzäitplacement opgeholl.
"Wat ech mer gewënscht hätt, wier, dass een op eis gelauschtert hätt an net op de Wonsch vun den Hierkonftselteren", esou Zoe Hoffmann (23), dat mat 5 Joer d’Urgence placéiert gouf.
]]>Am Kader vum 50. Anniversaire vun der Ausbildung vun den Educateuren an Educatricen zu Lëtzebuerg presentéiert d’Pascale Engel de Abreu an hier Equipe vum Grupp fir Sozio-Emotional a Kognitiv Entwécklung op der Universitéit Lëtzebuerg hire Fuerschungsprojet HERO. HERO ass déi éischt landeswäit quantitativ Studie, déi sech mat der mentaler Gesondheet vu Kanner a Jugendlecher beschäftegt, déi an Heemer a Fleegefamilljen zu Lëtzebuerg opwuessen, och als Friemënnerbréngung bekannt. Am Joer 2023 goufen zu Lëtzebuerg eng 1.400 vulnerabel Kanner a jonk Erwuessener ausserhalb vun hire Familljen ënnerbruecht.
E Placement ass eng Mesure, bei der Kanner a Jugendlecher an d’Ophutt vum Staat geholl ginn, deen domadder d’Verantwortung fir hir gesond Entwécklung dréit. Allerdéngs weist d’international Fuerschung kloer, dass et ee méi héije Risiko vun Entwécklungs- a psychesche Problemer bei Kanner gëtt, déi placéiert goufen. D’Promotioun vun der mentaler Gesondheet vu Kanner a Jugendlecher a Friemënnerbréngung ass en zentraalt Uleies vun der Kannerschutzpolitik. Fir effektiv Interventiounen a Präventiounsmesurë fir vulnerabel Kanner a Jugendlecher ze entwéckelen, ass e bessert Verständnis vun de Facteuren néideg, déi d’mental Gesondheet an d’Entwécklung beaflossen.
An Zesummenaarbecht mam Lycée technique pour professions éducatives et sociales an dem Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher.
Dr Pascale Engel de Abreu, Associate Professor of Psychology uni.lu
Mëttwochs, den 20. Mäerz 2024, 19h an der BNL (Bibliothèque nationale du Luxembourg)
Adress: 37D, Av. John F. Kennedy, L-1855 Kirchberg Luxembourg
]]>Entdecken Sie das Aktivitätenprogramm unseres Vereins FleegeElteren Letzebuerg asbl 2024!
Zusätzlich zu unserem Einsatz für das Wohlergehen der untergebrachten Kinder und ihrer Pflegeeltern organisieren wir mehrmals im Jahr Aktivitäten, die es uns ermöglichen, uns kennenzulernen, Ideen in ungezwungener Atmosphäre auszutauschen und gesellige Momente zu teilen.
Für alle Aktivitäten ist eine Anmeldung erforderlich.
Für einige Aktivitäten sind die Plätze begrenzt, daher ist es ratsam, sich bei Interesse so früh wie möglich anzumelden. Über verschiedene Links auf unserer Seite können Sie sich ganz einfach anmelden.
]]>Spende „D’Gemeng Betzder hëlleft“
Wir danken der Gemeinde Betzdorf herzlich für die Spende, die uns im Rahmen von „D’Gemeng Betzder hëlleft“ am 8. März 2024 überreicht wurde.
]]>Obhut
von Sarah Pepin
Ende Januar fiel das Urteil. Eine Pflegefamilie hatte geklagt, um regulären Elternurlaub gewährleistet zu bekommen. Das Verwaltungsgericht wies die Klage ab, mit der Begründung, dass Pflegekinder – im Unterschied zu Adoptiv- und leiblichen Kindern – nicht „pérennement“ an ihre Familien gebunden …
Ein Fehler hat sich in den Artikel geschlichen. Im Artikel wir das Verwaltungsgericht irtümlicherweise genannt. Es handelt sich jedoch um das Verfassungsgericht (cour constitutionnelle).
]]>Vertrieder vun der FleegeElteren Lëtzebuerg asbl hun sech mat den LSAP Membere vun der Educatiounskommissioun Paulette Lenert, Claire Delcourt an Francine Closener getraff fir sech auszetauschen.
]]>Stand 10 Januar 2024
247 familles d'accueil classique an +4 déi nach aktuell an der Selektiounsphase sinn (=251).
218 familles d'accueil proche (Verwandschaftspflege) an +6 (=224) familles d'accueil proche déi aktuell an der Sélectioun sinn.
Total = 465 (+10)
Bild: (C): SewCream/shutterstock.com
]]>Et get en neit Supervisiouns-Angebot vun Arcus speziefesch fir Kuerzzaitpflegeelteren.
D´Supervisiounsgrupp (L/D) wäert stattfannen:
am Familljenhaus zu Miersch (3-7, rue G.-D. Charlotte L-7520 Mersch)
D´Grupp as fir all d´Fleegeelteren vun den 3 Servicer op.
Et gellen wéi gewinnt den secret professionnel an d´Méiglechkeet d´Stonnen als formation continue unerkannt ze kréien.
Infos an Unmeldung:
TEL: +352 40 49 49 600
GSM: +352 621 40 58 78
]]>D´LSAP Membere vun der Educatiounskommissioun hun zesummen eng Question parlementaire zum eduGuichet gestallt.
Dir kënnt d’Froen un den Minister Claude Meisch hei noliesen.
De Minister huet en Delai vun engem Mount fir op d’Fro ze äntweren.
D’Äntwert gëtt um Internetsite vun der Chamber publizéiert.
]]>